Wou? Am Schlasspark zu Ierpeldéng bei Ettelbréck
Wee si mir?
Mir versichen ee Festival ze maachen, bei deem d'Leit aus alle méiglechen Beräicher zesummenkommen, sech austauschen kënnen an de Festival aktiv
matgestalten! Iwwer 2 Deeg gëtt et Musik aus Lëtzebuerg, aus der Groussregioun an suguer Kanada, mol akkustesch, mol verstäerkt. Op der 2. Bühn gëtt et Theater an eng Lesebühn, am Seminarraum ee
klengen Kino. Eis Atelieren dréinen sech ëmt verschiddenst Themen: aktiv ginn (Slackline, Yoga, Capoeira), d'Emwelt (an Zesummenaarbecht mat CELL), Gesellschaft (Diskussiounsronn zu "Wat sinn
Suen?"), doriwwer eraus gëtt et fairtrade an bio Eessen & Gedrénks aus aller Welt zu fairen Präisser. An fir déi, déi dat ganzt bëssen méi gemittlech wëllen ugoen, gëtt et eng Chillounge, ee
gemittlechen Camping niewt dem Floss an eng Konschtausstellung!
Wee spillt? The Disliked, Konoba, Down Town, Dillendub, Quantum Dot, Tommek, D'Halunken an
méi
Tickets? 15 Euro am Virverkaf (2 Deeg, Camping inclus), fräi fir Kanner ënner 14 Joer